E Wuert iwert ons Kontakt Ons Editiounen De Fëschmaart Aner flott Säiten
Biller aus der aler Stad Ons Chronik Neiegkeeten Shop Gëlle Buch

 

   

 

E puer Wuert iwert de Comité Alstad

E Wuert virop. D' Éimaischen, en alen Aulebäckeschmaart, ass en uralt Volleksfest wat sech all Joer op Ouschterméindeg an den Stroossen vun der Alstad ofspillt. Et wor an den drësseger Joeren vum leschten Joerhonnert, ewéi ëtt geheescht huet d'Éimaischen verléiert un Attraktivitéit an un Popularitéit. Et huet dunn nach eng Zäitchen gedauert, bis sech am Joer 1937, zwee Frënn vun der Alstad, den Georges Schmit. (Conservateur am Staatsmusee) an Lambert Schaus (fréieren Minister an Botschafter) sech zesummengesaat hun mat dem Ziel de Quartier vum Fëschmaart eröm nei opliewen zelossen, an am besonneschen ass ëtt hinen drëms gang dat uralt lëtzebuerger Volleksfest Éimaischen eröm mei populär an attraktiv ze machen.

De Georges Schmit a säin gudde Frënd de Lambert Schaus

 

Jean-Pierre Feidert Gust Hoffmann Jean-Pierre Koltz Jos. Parmentier

A mat um Dësch soutzen: d'Hären Gust Hoffmann (Geschäftsmann), Jean-Pierre Koltz (Historiker), Jean-Pierre Feidert (Industriellen) a Jos. Parmentier (Staatsbeamten). Domat wor den Comité Alstad an d' Liewen geruff ginn. Mé watt konnte en man fir eröm mei Leit op d' Éimaischen ze kréien? Du ass d'Idee opkomm fir all Joer e klengt Konschtwierk aus Ierd (wat mat dem Fëschmaart oder mat der lëtzebuerger Geschicht ze dinn huet) op der Éimaischen ze verkafen an den Erléis dovun soll engem gudden Zweck zouerkannt ginn. An esou ass dun op der Éimaischen am Joer 1937 e klengen Äeschenteller verkafft gin zu Gonschten vum Rode Kräiz. An den Erfoleg sollt dem neien Comité Alstad Recht ginn. An esou ass zanter 1937 all Joer, an haut och nach, op der Éimaischen e klengt Konschtwierk ze kréien. A muencher een huet sech domat eng schéin Sammlung vun Éimaischen-Undenken ugeluecht. An esou ass dann och de Comité Alstad zanter 1937 Joer vir Joer mat engem Stand op der Éimaischen vertrueden.

Mé den neien Comité Alstad hat nött nömmen um Programm d' Éimaischen nei opliewen ze lossen, méi och dat kulturellt Liewen  an dösem ale Quartier vun der Stad. Esou wo den Comité Alstad Fiederféirend bei der Ausstellung " Saachen aus der aler Stad" déi 1939 am Kader vun der Onofhängegkéitsfeier am am " Cerkel"  wor. Mat der Ënnerstetzung vun den Fëschmaarter Geschäftsleit wor den Comité Alstad all Joer mat engem gerëschten Auto beim Faackelzuch fir Groussherzoginsgeburtsdag derbei, an dat bis 1950. Ënner anerem goufen och Concert’en organiséiert, Austellungen, asw. (Eenzelhéiten kann een an der Chronik noliesen). De Comité Alstad huet nach bis 1981 vill geschafft, am Intressi vun der Éimaischen an der Alstad. An  dun hun si décidéiert fir de Comité Alstad a méi jonk Hänn ze ginn awer mat der Oplo an hierem Sönn wieder zeschaffen.

Den méi jonken Comité Alstad huet déi Oplo och gären ugeholl a huet och direkt ugefang mat schaffen a konnt sech och dunn op der Éimaischen 1982 eng éischten Kéier présentéieren.

De Georges Schmitt, den Initiateur vum Comité Alstad ass kurz virum 50. Anniversaire vum Comité Alstad gestuerwen.

Am Joer 1984 ass aus dem Comité Alstad, duerch Publikatioun vun den Statuten am Mémorial vun den Gesellschaften an Associatiounen N° 244 vum 12. September 1984 eng  Association sans but lucratif ginn.