E Wuert iwert ons Kontakt Ons Editiounen De Fëschmaart Aner flott Säiten
Biller aus der aler Stad Ons Chronik Neiegkeeten Shop Gëlle Buch

 

   

 

Ronderëm de Feschmaart

Geschicht a Geschichtercher aus der aler Stad
Zesummegestallt vum Claude Esch – Photoë Sergio Di Paoli an Archiv Comité Alstad

Déi Plaz, déi haut am Volleksmond Fëschmaart genannt gëtt, ass de Mëttelpunkt vun der Alstad. Am Mëttelalter huet sech hei de meeschte Geschäftsverkéier ofgespillt, well et wor jo schliisslech eng Maartplaz. Wéi awer dun eng nei Maartplaz entstan ass, virun der 1120 erbauter Nikloskierch, do wou haut onst Chambersgebai steet an ons gewielte Volleksvertrieder d’Geschécker vum Land leeden, heescht de Fëschmaart „Ale Maart". Kuerz Zäit goung esouguer Rieds vum Kéismaart oder Véimaart, an och  vum Schwéngsmaart. Kann  de Fëschmaart och net a Konkurrenz triede mat aner grousse Maartplazen an Europa, sou huet de Fëschmaart awer fir ons Lëtzebuerger seng geschichtlech Bedeitung.

Bekanntlech hat de Grof Siegfried am Joer 963 duerch en Tosch „Kastell Lucilinburhuc" a säi Besëtz bruecht. Um Bockfiels huet du de Grof eng gréisser Buerg baue gelooss. Dat wor den Ufank vun der spéiderer Stad Lëtzebuerg. Bannenzeg der éischter Réngmauer, déi kaum méi ewéi den heitege Fëschmaart ëmfaasst huet, hu sech Baueren, Handwierker an Aarbechter niddergelooss, déi am Déngscht vum Grof an dem Schlass stoungen. Déi éischt Réngmauer hat 7 véiereckeg Tierm an ee Gruef. Am 11te Joerhonnert wor d’ Zuel vun den Awunner esou an d’Luucht gaang, datt eng zweet Réngmauer huet misse gebaut ginn, déi  schon 12 Tierm an e Gruef hat. Am Joer 1388 wor dun déi drëtt Réngmauer mat 18 Tierm fäerdeg. Déi drëtt Réngmauer huet 33 Hektar ëmfaasst, wouvun de Fëschmaart nëmme méi e klenge bescheidenen Deel ageholl huet, obschonns et de Mëttelpunkt vun der Alstad wor.

Wa mer duerch d’Wiltheimstrooss ginn, vu wou aus mer onse klengen Trëppeltour ronderëm an iwwert de Fëschmaart ufänken, gesi mer op der lénker Säit den Nationalmusée vun der Konscht an der Geschicht, deen an den drësseger Joeren seng Dieren opgemaach huet an elo komplett renovéiert gouf. Eng kleng Bemierkung: net laanscht goen, et ass derwäert fir eran ze kucken. Mir trëppele weider. Mee ir mer bei „d’Dräi Tir“ ginn, wëlle mer nach e Bléck an „d’Schéieschlach" riskéieren. Dëst ass den eelsten Unhaltspunkt fir d’Geschicht vum Fëschmaart. Et ass d’Réimerstrooss, déi vun Arel direkt an d’Groussgaass féiert, a vun do an d’Fleeschiergaass, dann duerch d’Schéieschlach bis erof bei d’Uelzecht. Haut ass keen Duerchgank méi do, et kënnt ee bis an de banneschten Haff, deen zou der fréierer Jousefsklinik gehéiert huet. Bannen am Haff gesi mer 2 Stenge - Käpp agemauert. Wien et ass, a wat se duerstellen, a wat fir eng Bedeitung se hunn, ass bis haut nach net gewosst. Mee loosse mer weider trëppelen duerch d’Wiltheimstrooss, an ons déi schéi restauréiert Haiser ukucken, ir mer de Bierg erofginn fir bäi d’Dräi Tir ze kommen.

Virun ons erhieft sech elo déi impressionant Mass vun den Dräi Tir. Gebaut goufen se ëm 1050 ënnert dem Grof Giselbert. Soe mer awer och, dass an den Dräi Tir d’Guillotine versuergt gouf. A wa se gebraucht gouf, dann ass se den Dag virdrun op d’Fëschmaarterplaz (déi heiteg Plaz virum Musée) transportéiert ginn, a gouf och do opgeriicht. Bis 1810 hunn d’Dräi Tir als Prisong fonctionnéiert . No 1871 huet de Capitaine Weydert an den Dräi Tir gewunnt an huet  hei u sengem Festungsrelief geschafft.( Dee kann een haut am Nationalmusée bewonneren.) De Capitaine Weydert ass um Lampertsbierg um Nikloskierfecht begruewen, a säi Graf ass eng Nobildung vun den Dräi Tir.

Gi mer ënnert den Dräi Tir erduerch an dann no riets, da komme mer op de Boulevard Victor Thorn. Hei gesi mer ,op der rietser Säit, den hënneschten Deel vun deem Gebai wat bis Juli 1999 d’Jousefsklinik wor. An de läschte Joere gouf d’Gebai komplett renovéiert an haut sinn do dra Wunnengen a Geschäfter. Op der lénker Säit gesi mir e Spueneschen Tiermchen. Vun do hu mer e schéine Bléck op de Bockfiels mat der Schlassbréck.

Amplaz vun der  Falbréck, déi aus Holz gebaut wor, an déi de Bock mat der Uewerstad verbonnen huet, gouf 1735 ënnert dem Karel VI. déi schéi massiv Bréck gebaut. Net ze vergiesse sinn d’Kasematten, déi vun der Kaiserin Maria-Theresia mat vill Méi an och vill Geld ugeluecht goufen. Déi Kasematten, déi kënne visitéiert ginn, sinn e klengen Deel vun engem gewaltegen Netz vun ënnerierdesche Gäng, vun am ganzen 23 Kilometer Längt, déi di verschidde Festungswierker matenee verbonnen hunn. Am zweete Weltkrich hunn d’Kasematten als „Luftschutzbunker" gedéngt fir Awunner aus dem Quartier an Ëmgéigend, an de Schlëssel vir era gouf vis-à-vis am Paschtoueschhaus versuergt.   Onsen Trëppeltour féiert ons weider, mir passéieren d’Strooss a kommen  op „d’Corniche", oder wéi déi Alstater soen „de Rampart". Vun hei aus no lénks gekuckt hu mir eng wonnerbar Vue op de Stadgronn an op d’Rhum. E puer Schrëtt weider  op der rietser Säit ass d’ „Maison de Cassal". Dat grousst Gebai fält op  duerch seng onregelméisseg Fassaden. D’Haus gouf Enn vum XVI. Joerhonnert vum Schreiwer vum Provinzialrot, dem Baron P.M. de Cassal gebaut. Et ass e Beispill vun enger gudder Renovatioun vun engem ale Biergerhaus. Wann ee bei der aler Zaldotekasär (dem heitege Statsarchiv) sech nach eng Kéier ëmdréint an zréckkuckt, falen engem déi Wierder nees an, déi de Batty Weber eng Kéier gesot huet, wéi en engem Friemen ons Stad gewisen huet: „Sti mer net hei op dem schéinste Balkon vun Europa?“ Laanscht de Statsarchiv, als dat fréiert bommeséchert Krichslazarett, gebaut vum Däitsche Bond (1857-1860), trëppele mer an "d’Helleg Geeschtstrooss". Rechts gesi mer e schéint Barockhaus aus der Zäit ëm 1750. Gi mer weider, komme mer bei en Haus mat engem Bannenhaff. 1713 huet et dem Grof vu Wolz/Ardennen gehéiert. 1795 hunn hei franséisch Revolutiounszaldoten e Schatz vu 600.000 Pond fond. E puer Meter weider ass de Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg, deen een onbedéngt besiche soll. No onser Visite am Musée gi mer „d’Hossegässel" erof an de Breedewee. Esou laang d’Stad am wesentlechen aus dem Fëschmaart an aus den Ënnerstied bestan huet, wor de Breedewee eng Haptverkéiersstrooss. Am Breedewee gesi mer  op den hënneschten Deel vun der Maison de Cassal. Nach eng kleng Bemierkung: Am Joer 1794 huet d’Haus mat der N° 9 dem Metzler Johann Strock gehéiert, a vun 1902 u wor hei am Haus déi éischt Kannercrèche vun der Stad Lëtzebuerg, bis se 1932  en Ënnerdaach fond huet um Plateau Almënster, wou se haut nach ass. 1795 haten d’Fransousen am Haus N° 11 d’Friddensgeriicht ënnerbruecht. An där Zäit woren awer op deenen zwou Säiten Haiser, wouvun eng Säit d’Haiser ofgerappt goufen. Dozou ee klengt Rätsel: „Firwat ginn d’Panecher am Breedewee nëmmen op enger Säit gebak? Mee ganz einfach,well nëmmen op enger Säit Haiser stinn." D’Puert am ënneschten Deel vum Breedewee gouf schonns am XV. Joerhonnert an den Dokumenter ernimmt. An och um Plang Deventer ass d’Puert schonns agezeechent. Gi mer de Breedewee erop, sti mer virun engem schéine Bou. Et ass "D'Helllepuert", déi wahrscheinlech am X. Joerhonnert gebaut gouf. Mee hei ginn d’Meenunge vun onsen Historiker auserneen.

Mir ginn ënnert dem Bou erduerch an e puer Meter weider komme mer an d’“Rue de la Loge". Am Joer 1854 huet d’Stadsverwaltung beschloss, dëser Strooss, déi bis elo „Krämerhausgasse" geheescht huet, den Numm „Rue de la Loge" ze ginn. An der Logegaass kann ee sech e Bild maachen, wéi d’Wunnéngsverhältnisser am Mëttelalter a bis an d’Neizäit hei woren. D’Haus N° 2 an der Logegaass kann ee roueg als Pronkstéck bezeechnen. Et handelt sech hei ëm d’Haus „Ënnert de Steiler". D’Haus ass wahrscheinlech dat eelst an der Stad an huet am X. Joerhonnert als Gemengenhaus gedéngt. Et ass en Haus am spätgotesche Stil, déi Renaissancevirhaal ass aus der franséischer Zäit. Am Haus selwer haten d’Fransousen eng Wuecht ageriicht. Intressant sinn awer och déi gotesch Mauerwierker iwwert de Fënsteren um éischte Stack. Um Eck an der Fassad entdecke mir eng schéi spéitgotesch Nisch mat enger Selbdrittgrupp. Säit 1824 ass d’Haus eng Wiertschaft, an de bekannteste Wiert, aus eiser Zäit, ass de Goldschmit’s Jang. Ernimme mer awer och, datt de Scheffe vun der Stad Lëtzebuerg, de Jean Schalop am Joer 1443, hei vrum Haus den Heldendout gestuerwen ass, wéi d’Burgunder d’Stad ageholl hunn. E puer Schrëtt weider ass en Haus mat engem schéinen Tiermchen, wou drop ze liesen ass „Mir wölle bleiwe, wat mer sin". 1814 huet d’Haus dem Wiert Heinrich Schamburger a senger Fra Maria-Anna Peppinger gehéiert. Hie wor esou bekannt fir säi „Kuddelfleck", datt d’Leit aus dem ganze Land heihi koume fir „Kuddelfleck" z’iessen. En Dilettant huet esouguer eng Kuddelfleckshymne geschriwwen.Hei e klengen Auszuch:

"All déi, beim Schou do soutzen mam Glieschen an der Hand,
 Déi kommen, wat gëss de wat hues de, lanscht Steilen ugerannt."

Wéi et schéngt, gouf ënnert de Steiler den Apéritif geholl an duerno ass et bei de Schaumburger op de Kuddelfleck gaang. A fir datt d’ Matière-Première fir dës Spezialitéit net ausgoung, huet den Dichter mat dësem Wonsch ofgeschloss:             

O geff, O Gott, dei Segen, dass d’Ochsen fëllech ginn.
Fir dass déi léif Spéiissbirger, sech oft nach hei gesinn.    

Et gëtt och gesot, de Johann Wolfgang von Goethe hätt hei am Haus logéiert bei sengem Passage zu Lëtzebuerg.

Vis-à-vis hu mer  d’Haus N° 1, déi fréier Miwwelhandlung Hoffmann-Moulin an haut d’ „Konschthaus Beim Engel". Um Rez-de-chaussée ass eng Konschtgalerie an um éischten an um zweete Stack si Büroen an e schéine Konferenzsall, fir verschidde kulturell Associatiounen. Esou huet och de Comité Alstad, dee jo wierklech an dëse Quartier gehéiert, hei säi Sëtz fond . 1824 wor de Wiert Nikolaus Huberty de Propriétaire vum Gebai. 1848 gouf d’Haus bewunnt vun der Joffer Elisabeth Dufaing, der Grënnerin vun de Baarmhäerzege Franziskanerschwëstere vu Lëtzebuerg. Op N° 3 an der Logegaass wor de bekannten Uewenbauer, den Emmel’s Emile. Am Wunnéngsverzeechness vu 1797 bis 1814 fanne mer esou bekannten Nimm ewéi: Damian Tandel, den Dokter Dutreux asw. Bis 1966 huet d’Haus der Witfra Marguerite Emmel-Oswald gehéiert. No hirem Doud ass d’Haus un hir zwou Niessen, d’Madame Marie Esch an d’Madame Catherine Bernard-Oswald iwwergaang. Mëtt 1988 gouf d’Haus un d’Freimaurerloge verkaf, déi et enger kompletter Renovéierung ënnerzunn huet. Leider gouf och hei kee Wunnraum geschaf. Bemierkenswäert ass awer och, datt d’Haus N° 3 grad ewéi d’Haus N° 5, zum Breedewee hin e klenge Gaart huet, an dat mëtten an der Stad. En Haus, dat och soll ons Opmierksamkeet verdéngen, ass d’Haus N° 5, dat fréiert Zonfthaus vun de Kréimer an Händler (haut géife mer vläicht soen „de Sëtz vun de Geschäftsleit"). 1818 huet de Buergermeeschter Franz Scheffen an de Greffier J. B. Gellé am Numm vun der Lëtzebuerger Freimaurerloge d’Haus fir 3600 Gulden gesteet. An deene leschte Joere goufen d’Haiser an der Logegaass mat vill Aarbecht a mat groussem finanziellen Opwand restauréiert. - Mee erlaabt mer heizou eng perséinlech Bemierkung: „Eng Renovatioun vun esou engem alen Deel vun onser Alstad besteet net nëmmen doran,datt een  zech Restauranten a Bistroen dohinner prafft, wouvun der an de leschte Joere schonns eng ganz Abberzuel hu misse Faillite erklären. Oder geet et nëmmen drëm, fir décke Loyer anzezéien? An en aneren Aspekt ass dee vun der Sécherheet a verschiddene Bistroen. Déi léisst a mengen Aen ze wënschen iwwereg. A wa mer schonns derbäi sinn, et gi verschidden Terrasse virun de Bistroen, déi missten ewech kommen, si huelen de Cachet vum Haus. Hei sinn och vläicht déi Verantwortlech vun der Commission des Monuments et Sites Nationaux gefuerdert. Propriétairen an Architekten an och ons Gemengepäpp hätte vläicht sollen d’Käpp zesummestrecken an iwwerleeën, op een net besser gehat hätt e puer Bistroen a Restauranten ewech ze loossen, an duerfir Wunnraum a Geschäftsraum ze schafen. Zu enger Reanimatioun vun esou engem ale Quartier gehéiert och Liewen an den Haiser, Leit déi an der Alstad hir Akeef maache kommen a Kanner, déi op der Strooss spillen. Meng Generatioun konnt dat glécklecherweis nach. – Mee elo genuch kritiséiert. Loosse mer weider trëppelen op onsem klenge Spazéierwee duerch d’Alstad.

Aus der Logegaass eraus sti mir elo um „Rouscht". Fréier wor dat eng enk Gaass, déi an engem Bou vun der Waassergaass an d’Fleeschiergaass gefouert huet. Den N. van Werveke mengt, dës Strooss hätt am Mëttelalter „Bendergasse" geheescht, benannt no der Kéiferfamill Bender, déi hei gewunnt huet. 1461 gëtt an engem Dokument en Haus ernimmt: ..an der Bendergaass, net wäit ewech vum Nikloskierfecht (dat heitegt Chambersgebai). E Kierfecht, dee vun do aus bis hei op de Rouscht gong. Vläicht kënnt den Numm och hier vu „Gitterrost", en eisent Gelänner mat enger eiserner Puert, dat de Kierfecht ëmzéngt huet. Och dësen Nikloskierfecht ass um Plang vum Deventer ze gesinn. 1821 stongen um Rouscht 12 Haiser, déi vun 154 Leit bewunnt woren. 1890 woren et nach 5 Haiser mat 48 Persounen. 1937 goufe weider Haiser um Rouscht ofgerappt. An haut wunnt keng aarme Séil méi do. A wa mer schonns hei um Rouscht sinn, wëlle mer ons och gläich d’Récksäit vum groussherzogleche Palais ukucken. Uewe riets erkenne mer zwee Helmer mam Wahlsproch vum Hary VII. a vum Jang de Blannen.

An elo gi mer weider duerch d’Waassergaass. Ons Historiker wëssen haut mat Bestëmmtheet, datt den Numm absolut näischt mat Waasser ze dinn huet. Ursprénglech wor et „d’Wastlergaass". Am aldäitschen ass Wastel ee „Kuch", a Wastler ass ee „Kuchebäcker". Virum 18. Joerhonnert heescht d’Strooss offiziell „Rue de l’Eau" oder op gudd lëtzebuergesch Waassergaass. Am ënneschten Deel vun der Waassergaass stong d’Haus N° 9, haut ass et d’Terrass vum Café Art-Scène. Am Haff vun dësem Haus stong niewent engem ale Buer eng  Statu vum hellegen Nepomuk, am Volleksmond och „Bommenzinnes" genannt. Et ass méiglech, datt dës Statu aus der fréierer Nikloskiirch kënnt. Vum Buer erzielt d’So, e wär ni ausgedréchent. Op jiddefall gouf e bis 1866 benotzt. Ufanks den 90er Joeren gouf dëse Komplex renovéiert. An am Kulturjoer 1995 huet eng bekannten Immobiliegesellschaft d’Statu vum hellegen Nepomuk restauréieren an erëm opstelle gelooss. De Comité Alstad stong der Immobiliegesellschaft bei dësem Projet als Beroder zur Säit. Prachtvoll unzekucke sinn och vis-à-vis déi vru Joere restauréiert Haiser. Gi mer weider Richtung Palais, komme mer bei en Haus, wou aus der Fassade e grousse Kapp, oder soll ee soen eng Fratz, eraus kuckt. Dës Fratz erënnert ons un déi Zäit, wéi hei nach de Kino „Cinéma de la Cour" stong. Bei den Ausgruewungsarbechten fir de Kino hunn Aarbechter e bedeitende Mënzfond gemaach. Et woren ëm déi 120 Mënzen an engem Krou. Bei geneeër Iwwerpréiwung huet et sech dunn erausgestallt, datt et versëlwert Mënze woren, déi wahrscheinlech am XIII. oder  XIV. Joerhonnert geschloe goufen, fir se als echt Sëlwermënzen ënnert d’Leit ze bréngen. D’Geschicht vum Hôtel de Luxembourg, direkt niewendrun, an haut e chinesesche Restaurant, léisst sech bis an d’XVIII. Joerhonnert zeréckverfollegen. De Michel Schrobilgen hat hei am Haus de „Café Français" vun 1807 bis 1837. Et sinn esouguer Theatertruppen hei opgetrueden. Esou ënner anerem de Professer Krosso mat sengem „Théâtre Académique". Um Eck vun der Waassergaass an der Helleggeeschtstrooss steet dat fréiert Haus „de Brias von Hollenfels". Dat alt Rittergeschlecht von Hollenfels war schonn am Mëttelalter ausgestuerwen. Ëm 1850 huet d’Haus der Joffer Gellé gehéiert. An ir d’Haus an de Besëtz vum Stat koum, wor déi bekannte „Quincaillerie Printz" hei am Haus. Dëse Komplex gouf renovéiert, an d’Servicer vun onser Chamber hunn hei en neien Ënnerdaach fond.

Géigeniwwer hu mer dann onst Chambersgebai, do wou fréier d’Nikloskierch stong.  Direkt niewent der Chamber, de groussherzogleche Palais. De Palais, deen op eng laangjäreg Geschicht kann zréckblécken, ass d’Aarbechtsplaz vun onsem Grand-Duc an huet och héich offiziell staatlech Aufgaben ze erfëllen. De Palais gouf vun 1572 – 1574 op där Plaz erbaut, wou dat éischt Gemengenhaus stong, dat am Joer 1554 duerch eng Explosioun vum Polferlager zerstéiert gouf. No de schroe Bombardementer  duerch déi franséisch Truppen vum Kinnik Louis XIV. gouf  dat Gebai restauréiert. Vun 1815 bis 1867 wor d’Gebai  de Sëtz vun der Regierungskommissioun.Säit 1890 ass de  Palais nëmme méi geduecht fir d’Notzung vun onsem Monarch. Mee de Palais ass awer och e Monument vun der Konscht. D’Fassade mat dem  Gelänner aus fer forgé, d’Tiermercher mat verschlongene Motiver, den Dach an nach villes méi. Et ass schonn derwäert, dat ee sech de Palais an aller Rou ukuckt. Vergiesse mer awer net déi groussaarteg Renovatiounsaarbechten aus den 90er Joeren vum leschte Joerhonnert, déi ënnert dem Architekt Daniel Gaimard gemaach goufen!

Loosse mer ganz gemittlech weider trëppele laanscht de Palais bis op de „Lentzen Eck". Dëst ass en typescht Biergerhaus aus dem 18te Joerhonnert. Um éischte Stack fanne mir an enger Nisch eng schéi Muttergottesstatu aus dem 18te Joerhonnert. Bis Enn 2002 wor hei am Haus nach dee gudd bekannten a Lëtzebuerger Café, „Um Lentzen Eck". Leider ass aus dem Lentzen Eck en ultramoderne Bistro ginn an den Numm ass changéiert. - Schued! Vis-à-vis vum Lentzen Eck steet am groussen Eckhaus, um éischte Stack an enger Nisch eng aner Muttergottesstatu aus dem 18te Joerhonnert. Am 16te Joerhonnert wor dëst Haus d’Zonfthaus vun de Bäcker a Metzler. Ënnenan am Haus haten d’ Bäcker an d’Metzler hir Verkafsstänn. Nummer 4  ass d’ Geburtshaus vum Batty Fischer, Zänndokter vu Beruff, bekannt duerch seng flott an intressant Fotoë vun der Stad a vun der Alstad. Et gëtt erzielt, de Batty Fischer hätt muencher Patient a senger Praxis waarde gelooss, well e léiwer Fotoë gemaach huet. E puer Meter weider sti mer um Eck vun der Krautmaart- a Geriichtsstrooss. D’Haus op dësem Eck, déi heiteg Banque Générale du Luxembourg, heescht am Volleksmond „Conrotseck". Hei gesi mer um Eck vun der Fassade, déi viru Joere schéi restauréiert Pieta mat der Joreszuel 1570. Tëscht der Joreszuel erkenne mer d’Zonftwopen vun de Bäcker an de Metzler. Dës Pieta huet den Här Leo Conrot 1897 bei der Erneierung vun der Fassade ubrénge gelooss. D’Statu staamt aus dem fréieren Zonfthaus vun de Bäcker a Metzler.

 Mir ginn elo an Nordstrooss eran, oder besser gesot an d’Chiggerisgaass. 1848 wor hei d’Schiggerisfabrek, déi dann och der Strooss hire Lëtzebuerger Numm ginn huet. Am Haus 11 hat dem Dokter Neumann seng Duechter an de Joeren 1876-1879 eng Dréckerei, déi spéider de Jean Hary iwwerholl huet an aus där 1886 déi heiteg „Imprimerie Saint Paul" ginn ass. Iwwert der Hausdier gesi mer e Peschtkräiz. Am 15te, 16ten a 17te Joerhonnert sollen dës Kräizer d’Pescht aus den Haiser ewech gehalen hunn. E puer Meter weider hu mer op der rietser Säit vun der Strooss eng schéi Vue op de Pafendall an op „d’Dräi Eechelen", an op der lénker Säit gesi mer d’Gebai vum Friddensgeriicht.

Weider op onsem Trëppeltour duerch d’Alstad béie mer elo no lénks an „d’Kasinosgaass" eran. Am Haus Nummer 12 vun dëser Strooss sinn haut d’Büroë vun der Justice. 1958 gouf de fréieren Hôtel vun der Famill Neunhäuser ofgerappt an duerch e fënnefstäckegen, ellene Building ersat. Et wier schéin, wann ons Politiker géifen d’Initiative ergräife fir dëse Schandfleck vun der Alstad ofzerappen. Vläicht besteet eng Chance, wann d’Cité Judiciaire um Helleg Geeschtplateau fäerdeg ass. Et sief awer och nach drun erënnert, datt de Geselleveräin, dee vum Deche Bernard Haal gegrënnt gouf, hei säi Sëtz hat. Um Eck vun der Kasinosgaass an der Groussgaass ass d’Mouerenapdikt. Déi zwee Mouerë lénks a riets vun der Aganksdier sinn d’Wierk vum Léon Nosbusch, dee joerelaang fir de Comité Alstad geschafft huet.

E puer Meter weider an der Groussgaass no lénks sti mer „Am Dierfchen". Am 16te, 17ten an ufanks vum 18te Joerhonnert gouf dëse Komplex „Acht" genannt. En Ensembel vu modesten Haiser wou virun allem Handwierker a Geschäftsleit gewunnt hunn. An dësen Ensembel gouf „Dierfchen“ genannt. Haut e gudd Beispill vun enger gelongener Restauratioun. E grousse Verdéngscht fir dës schéi Renovatioun muss een dem Här Antoine Wehenkel zouerkennen. Ouni säin onermiddlechen Asaz wier dës Aarbecht net méiglech gewiescht.

Nodeem mer ons elo d’Dierfchen ugekuckt hunn, gi mer weider an d’„Geriichtsstrooss". D’Geriichtsgebai, dat der Strooss  hiren Numm ginn huet, gouf am Joer 1565 vum Grof P.E. Mansfeld als Gouverneurspalais ageriicht. D’Fassad gouf 1843 erneiert. Op der Südsäit gesäit een nach Fënstersteng aus dem 16te Joerhonnert. Eng Plaque un der Mauer erënnert un de Feldmarschall Bender, dee leschten éisträichesche Festungskommandant, deen hei gewunnt huet an deen an de Joeren 1794/1795 d’Stad géint d’Fransouse verdeedegt huet. Am Gaart vun der Récksäit goufe schonn oft eise Kanounekugele fond (déi lescht am Joer 1931) déi haut an onsem Nationalmusée ze gesi sinn. An deenen nächste Joere sinn och hei gréisser Renovatiounsaarbechte virgesinn, wann ons Justice an déi nei Cité Judiciaire geplënnert ass. Wa mer virum  Geriichtsgebai stinn, a mir kucken no riets, féiert ons eng schmuel Gässelchen, et ass d’Mënzegaass, an d’Fleeschiergaass. Vu 1578 bis 1620 wor hei mat Bestëmmtheet eng Mënzwierkstat. Aus der Mënzegaass eraus fällt ons direkt d’Fassad op vun der fréierer „Schwanenapdikt". D’Fënstergitteren aus fer-forgé um 2ten an um 3te Stack kommen aus dem fréieren Zonfthaus vun de Kréimer an Händler aus der Logegaass. D’Haiser 14-16 hu 1794 dem Tubakshändler Nicolas Samson gehéiert. Intressant ass déi ikonografesch Grupp vum hellege Christophorus, déi wuel bis an d’16. Joerhonnert zréck geet. Och fanne mer iwwert der Entréesdier nach eng Kéier e Peschtkräiz.  Dat lescht Haus um Eck lénks vun der Fleeschiergaass huet am Ufank vum 17te Joerhonnert dem Antoine Blanchart gehéiert. Mëtt vum 18te Joerhonnert ass d’Haus an de Besëtz vun der Famill Pescatore komm. Am 14te Joerhonnert wor hei d’Salzlager vun der Stad. Vis-à-vis sinn d’Büroë vum Maréchalat de la Cour.

D’Haus Nummer 1 vun der fréierer Méchelsstrooss, déi heiteg rue Sigefroi, ass bekannt ënnert dem Numm „ Gëlle Klack". T’ass unzehuelen, datt dëst Gebai aus e puer Haiser zesummegesat gouf. Un der Fassad kënne mer d’Joreszuel 1736 liesen. An haut, ënnert der Responsabilitéit vum Alstad Fong gouf de Komplex renovéiert, an t’ass elo e schéine klengen Hotel dran ënnerbruecht. Op der rietser Säit, géintiwwer vun der Gëlle Klack, ass dat fréiert Haus Wurth-Paquet, oder och bekannt ënnert dem Numm „d’Haus mat der Héiger Traap". De Jurist François-Xavier Wurth-Paquet, gebuer 1801 zu Lëtzebuerg wor den éischten, deen honnerte vun Dokumenter iwwer d’Lëtzebuerger Geschicht zesumme gedroen  an  och analyséiert huet. Hien  huet domat de Grondsteen ageluecht fir d’Fuerschung vun onser Lëtzebuerger Geschicht. E  gëllt als de Papp vun der Lëtzebuerger Geschicht. Hie wor et och, dee sengem Neveu, dem Paul Wurth-Majerus, dem Grënner vun de Paul Wurth Wierker zu Hollerech, säin Intressi erwächt huet fir d’Lëtzebuerger Geschicht. Och hien huet vill geschriwwen iwwert ons Geschicht, esou ënner anerem dat bekannst Wierk „Novum Forum". No laangem, onermiddlechem Schaffen ass de François-Xavier Wurth-Paquet hei a sengem Haus um Fëschmaart de 4. Februar 1885 gestuerwen.

Laanscht „d’Gëlle Klack“ komme mer op d’Virplaz vum Nationalmusée. Mir stinn elo matzen am Häerz vun onser Alstad, op der Fëschmaarter Plaz. Et ass derwäert, datt mer ons nach mat där Plaz befaassen.  

Hei stong d’Gebai vum Provinzialrot an der Kanzlei. Wéi Lëtzebuerg eng Grofschaft ginn ass, haten ons Grofen och Beroder, déi si bei wichtege Saache befrot hunn. Awer eréischt an engem ondatéierten Dokument vum Grof Theobald vu Bar a Lëtzebuerg, dem éischte Mann vun der Gräfin Ermesinde (1197-1214), gëtt e Rot „prudentum  virorum“ ernimmt. Um Ufank vun der Regierung vum Walram vu Limburg, dem zweete Mann vun der Gräfin Ermesinde, gouf e Rot vun zéng Edellait agesat. Nodeem d’Burgunder hei d’Soen haten, gouf de Rot reorganiséiert, grad esou ewéi 1531 ënnert dem Karel V. Aus dem Rot gouf e Provinzialrot a spéider de Souveräne Rot. Zanter dem Karl V., deen déi intern Verwaltung vu Lëtzebuerg nei geregelt huet, woren d’Sëtzungen an engem eegene Gebai, am Provinzialrot um Fëschmaart. D’Gebai vum Provinzialrot wor deemools dat eigentlecht Regierungsgebai fir Lëtzebuerg. Am Provinzialrot wor de grousse Sëtzungssall a Schreifreim (haut géife mer Büroë soen) vun de Conseilleren, an an der Kanzlei wore Schreifstuwen, déi d’Vollek opgesicht huet. De Provinzialrot huet déi ganz Plaz ageholl an esouguer d’Strooss, duerfir huet se Rue du Conseil geheescht, haut Rue Sigefroi. Wéi grouss d’Gebai vum Provinzialrot eigentlech wor, wësse mer net, et muss awer e groussen Haff gehat hunn. Aus engem Dokument vu 1578 wësse mer, datt de vereedegte Kéifer do d’Fässer vum Kinnik versuergt huet. Nodeems de Provinzialrot ofgerappt gouf, ass déi fräi Plaz entstan, déi ongeféier d’Gréisst hat vum heitege Fëschmaart.

Den 11.Juni 1554 gouf duerch e Brand an der Méchelskierch net nëmmen d’Kierch zerstéiert, mee och nach 180 Haiser aus der Noperschaft mat. Dass dat Feier, wat an der Kierch ugaang ass, esou en Ausmooss konnt kréien, sinn e puer Ursaache schold: d’Haiser wore gedeckt mat Stréi oder Plakken aus Holz, d’Haiser stonge ganz enk zesummegedréckt. An op der aner Säit huet et och u Waasser an un den néidege Läschvirriichtunge gefeelt. Den 22. Oktober 1555 huet de Keeser Karel V. dene geschiedegte Leit d’Steieren nogelooss fir hinnen den Opbau vun hiren Haiser méi liicht ze man. Et wor am Joer 1594 wéi de Blëtz  den eréischt nei opgebauten Daach vum Dominikanerklouschter op en neits  ageäschert huet.

D’Fëschmaarter Plaz am 17. Joerhonnert: - D’Pescht war am ganze Lëtzebuerger Land. T’gouf Hëllef vum Himmel erbäi gebiet. D’Hadrianusprozessioun, déi haut och nach ëmmer ass, gouf agefouert, den zweete Sonndeg am September. De Friddensvertrag vu Münster gouf de 5. Juni 1648 op der Plaz feierlech proklaméiert.

1660 ass d’Stad duerch Verrot bal de Fransousen an d’Hänn gefall. De Proviantmeeschter Pierre Pillard, dee beim Bockfiels e Gaart hat, huet seng Landsleit vun do aus an d’Festung gefouert. Awer den Iwwerfall ass schif gaang an de Pillard ass zu Bréissel gehaang ginn. Am Joer 1660 sinn ënnert dem Vauban d’Festungswierker vergréissert a verbessert ginn.

D’Plaz am 18ten Joerhonnert: – De 16. August 1769 gouf zu Bréissel den Dekret vum  Domänen- a Finanzrot ënnerschriwwen, deen der Stadsverwaltung vu Lëtzebuerg et erlaabt huet, dat aalt Gebai vum Provinzialrot ofzerappen an d’Plaz als Fruuchtmaart ze notzen. Bäi der  Belagerung vun der Stad  am Joer 1795, ass den 18. Mee eng Granat op d’Plaz gefall an do explodéiert.

Wa mer schonn iwwert d’Fëschmaarterplaz schwätzen, wëlle mer awer och net vergiessen, ons e bëssche mat der Geriichtsbarkeet ze befaassen, déi fir de Fëschmaart net onintressant ass. Datt et op der Fëschmaarter Plaz Hiriichtunge gouf, ass vläicht de meeschte Lëtzebuerger net bekannt. Duerfir wëlle mer hei vun e puer Fäll erzielen. Am Mëttelalter goufe Verbriecher nach ewell ganz streng bestrooft. Deemno wat ee gestiicht hat, krut een eng Hand ofgeschloen oder en Ouer ofgeschnidden, gouf een opgehaang oder gekäppt. Op laang Prisongsstrofen huet ee sech guer net agelooss.  Bäi méi klenge Verbrieche gouf de Spëtzbouf un e spezielle Poteau ugestréckt an  ausgepeitscht. Den Henker a säi Kniecht hunn alt emol ganz kräfteg dropgeschloen. Heiansdo ass et schonn duergaang ,wann een de Geck mam Rot oder der Stadsverwaltung gemaach huet, an da goufen et Streech. Hei zu Lëtzebuerg konnten  de Riichter an de Scheffen de Spëtzbouf esou bestrofen, wéi se Loscht a Laun haten. Wann e Veruerteelten un de Pranger koum, wor dat u sech eng kleng Strof. Do wor de Veruerteelten op kuerz oder länger Zäit dem Spott vun de Leit ausgesat. Mee komme mer elo zu den Hiriichtungen.  Déi éischt Noriicht, déi mer hunn, ass aus dem Joer 1388, wou e gewëssen Ardois virun der Méchelskierch higeriicht gouf. Firwat wësse mer net.

Eng gelungen Affaire vun enger Hiriichtung gëtt et aus der Zäit, wéi den Herzog vu Burgund den 22. November 1443 d’Festung Lëtzebuerg ageholl huet. Den Herzog hat sengen Zaldoten erlaabt, fir d’Stad ze plënneren. Wéi du déi gestuele Saache verdeelt woren, kruten d’Zaldoten et verbueden, fir d’Awunner nach weider ze belästegen. Nu wor awer een derbäi, e gebiertege Schott, deen huet sech net dru gehal an ass an de Späicher vum Bernhard vu Burscheid agebrach an huet do Stréi a Fruucht geklaut. Wéi de Propriétaire en dobäi erwëscht huet, gouf e vum Zaldot niddergeschloen. Den Herzog gouf vun der Saach gewuer an huet kuerzer Hand den Zaldot vu sengem Henker op der Maartplaz um Gaalgen opkneppe gelooss. 1501 huet e misse souguer en Henker vu Metz komme loossen, fir e Verbriecher hei zu Lëtzebuerg an den Doud ze schécken.

Souvill mer wëssen, huet d’Guillotine um Fëschmaart fir d’éischte Kéier de 24. September 1798 gestan. Mee wien do gekäppt gouf, wësse mer net. Den 3. Mäerz 1801 gouf de Cornelius Krell vu Gréiwemaacher gekäppt. Hien hat en Zaldot, dee bei him alogéiert wor, ermuert a seng Läich an d’Musel gehäit. E franséische Paschtouer, deen eng vun  him verfouert Fra vu Metz ermuert hat, gouf den 23. Juni 1804 zu Lëtzebuerg zum Doud veruerteelt an den 3. September vum selwechte Joer um Fëschmaart op d’Guillotine geféiert. Den 3. Dezember 1806 um 11 Auer gouf dat 24 Joer alt Déngschtmeedche Françoise Baljan vu Sierck gekäppt. Et wor beschëllegt, heemlech e Kand gebuer ze hunn, dat dout gemaach an duerno an e Weier gepucht ze hunn. Et wor déi lescht Fra,déi zu Lëtzebuerg gekäppt gouf. Déi lescht Hiriichtung um Fëschmaart wor den 21. Februar 1820. Et wor de Mëller Franz Blasius, 32 Joer, gebierteg bei Mamer, dee seng Fra duerch Millesteng zerquetscht hat, well hien e Meedchen aus Sandweiler bestuede wollt, dat vun him e Kand erwaart huet. Hien hat déi ganz Saach als Accident getarnt.  A wéi schreift de Wachthausen an sengem Gedicht:

Vum Fëschmaart könnt Gedeisch eriwer; Jös d’Aan am Kapp déi gi mir iwwer.
Das sécher d’Guillotine dach nött, déi heemlech opgeriicht do gött.

Bis 1896 stong och hei op der Plaz eng vun deenen 25 ëffentleche Waasserpompele vun der Stad, déi 1866 bäim Bau vun der neier Waasserleitung opgeriicht goufen. Op der Photo vum Norbert Bach gesi mer d’Pompel, an am Hannergrond d’Haus Wurth-Paquet. Wier et net eng flott Iddi, déi Pompel erëm opzeriichten?

 Nach e puer Wuert iwwert d’Mäert op der Fëschmaarterplaz. – Muencheree  vun iech mengt bestëmmt, um Fëschmaart wiere Fësch verkaf ginn, an doduerch hätt d’Plaz hieren Numm kritt. Mee dat ass déi jéngst Bezeechnung. ufanks wor et eng kleng Plaz virun der Méchelskierch, déi Maart genannt gouf. Nom Bau vun der Nikloskierch gouf d’Plaz virun der Méchelskierch nach laang „ Maart“ genannt. Esou z.B. an engem Dokument vun 1296. An engem aneren Dokument vun 1294 geet Rieds vun engem Haus um Maart zu Lëtzebuerg. 1408 gëtt d’Plaz virun der Méchelskierch „Ale Maart“ genannt, an de Maart virun der Nikloskierch „Neie Maart“. Op esou engem Maart ass wahrscheinlech esou alles ugebuede ginn, wat een op engem Wochemaart ze kafe krut. D’Händler sinn awer léiwer op de Neie Maart gezunn, well do am Quartier sech ëmmer méi räich Leit niddergelooss hunn. An esou koum et, datt den Ale Maart sech spezialiséiert huet op Kéis. Dohier den Numm Kéismaart. No engem städtesche Reglement hunn am Fall vun engem Feier  d’Bierger sech misse mat de Riichter um Kéismaart afannen, well do d’Eemeren, d’Leederen an d’Kreep versuergt goufen. An engem Dokument vum 5. September 1577 geet esou guer Rieds vun engem Véihmaart. Fir d’éischt Feind een den Numm Kéis-oder Fëschmaart an engem Dokument vum 1. Mee 1692.

Nodeem de Provinzialrot ofgerappt wor, an eng fräi Plaz entstan ass, huet d’Stad 1769 décidéiert, hei e Karmaart ofzehalen. Den Numm ass awer net geännert ginn, well 1795  heescht d’Plaz einfach Fëschmaart. An enger Veruerdnung vum 17. Abrëll 1797 ass festgehale ginn, datt d’Fëschhändler an d’Holzhändler missten um Fëschmaart bleiwen. 1801 gëtt d’Plaz eng kuerz Zäit esouguer Fësch- a Schwéngsmaart genannt. Nodeem 1834 um heitege Knuedler d’Kierch an d’Klouschter ofgerappt woren, huet de Maart  do seng Plaz fond, awer de Fëschmaart ass Bleiwe fir Fësch, Fräschen, Kriibsen, Hee a Stréibëndelen ze verkafen.

A natierlech, fir mat der Fëschmaarterplaz ofzeschléissen, däerf een net vergiessen, datt hei säit dem Joer 1827 all Joer op Ouschterméindeg déi traditionell Éimaischen ass. Méi doriwwer an onser Chronik. 

Elo gëtt et awer esou lues Zäit, datt mer op onsem Trëppeltour weider kommen. E puer Meter weider erof, op der lénker Säit, ass déi fréier Jousefsklinik. Iwwert der Haaptentrée gesi mer de Wope vun der Famill von Feller. Dee frësch geadelten Dominik von Feller huet dëse Wopen am Joer 1750 ameessele gelooss.  Riets ass d’Clinique St. François, dat fréiert Dominikanerklouschter, elo en Alters- a Flegeheim, dat och an nächster Zäit seng Dire wärt  definitiv zoumaachen. Wahrscheinlech gëtt och dat Gebai an deenen nächste Joeren renovéiert an aneren Zwecken zougeféiert. 

 D’Méchelskierch, vum Grof Siegfried, dem éischte Lëtzebuerger Grof, als Kapell vun der Virburg gebaut, gouf am Joer 987 geweiht. Eng zweete Kéier gouf d’Kierch geweiht a Präsenz vum Kinnek Jang de Blannen, am Joer 1345 no der Vergréisserung vun der Kapell. D’Kierch gouf 1443 duerch d’Burgunder zerstéiert. Si ass  verbrannt am Joer 1509 a gouf 1519 erëm opgebaut. Nom Bombardement vu 1543 gouf si erëm eng Kéier renovéiert. 1628 hunn  d’ Dominikaner se iwerholl, a 1639 no Westen vergréissert.

Den Tuurm ass aus dem Joer 1648. De Chouer gouf 1683 a 1684 bäi de Bombardementer ganz schwéier beschiedegt, du 1688 a senger heiteger Form opgebaut. Ier mer an d’Kierch eraginn, kucke mer ons d’Fassade un, déi 1950 fräigeluecht gouf,an am Joer 2002 erëm an hiren ursprünglechen Zoustand bruecht gouf. Lénks un der Fassade sinn Iwwerreschter vun engem vermauerten romaneschen Zougank. Niewt dem Haaptportal ass eng Méchelskapell (fréier en Haische mat engem Buer) mat enger Réplique vum  Hellege Méchel. Dës Kopie huet de Comité Alstad ufäerdegen an opstelle gelooss am Joer 1987, dem 50. Joeresdag vun der Grënnung vum Comité Alstad. D’Original gouf 1986 restauréiert a steet elo an der Kierch. D’Renaissance-Portal ass en Don vum Kinnek Louis XIV. a gouf am Joer 1689 opgebaut. Duerfir ass um Portal de franzéische Liliëwopen. Mir ginn elo an d’Kierch eran an hunn direkt op der rietser Säit, déi wuel ëm 1630 gebaute Méchelskapell mat engem schéine Barockaltor. Mir kucken elo an d’Haaptschëff an hunn e Bléck op dee schéine barocken Haaptaltor vum Bartholomäus Namur, an op de Priedegtstull, déi aus der fréierer Kongregatiounskierch kommen, der heiteger Protestantescher Kierch.

 Dat schéint Altorbild mat der Duerstellung vun der Himmelfahrt vun der Muttergottes soll vum Moler De Crayer (1584-1669) sinn, engem Schüler vum Rubens. Déi zwou prachtvoll Statuën, béidsäiteg vum Haaptaltor, sinn och vum Bartholomäus Namur. Wa mer virum Haaptaltor stinn a mir dréien ons ëm, gesi mer op déi barock Uergel aus dem 17te Joerhonnert,  déi och aus der fréierer Franziskanerkierch kënnt. Am Joer 1971, ënnert dem Dechen Jules Jost gouf d’Uergel komplett renovéiert. Op der lénker Säit vum Haaptschëff ass de fréiere Réfectoire vun den Dominikaner. Säit 1843 ass et d’Rousekranzkapell mat engem Altor, an deem e schéine  Christus aus Steen läit. Op der rietser Säit ass e schéine restauréierte Barockaltor mat zwee Beichtstill aus der fréierer Franziskanerkierch. Grouss Renovatiounsaarbechte vun der Méchelskierch goufen 1950 ënnert dem Paschtouer Lucien Schaack an 1962-1963 (fir d’Dausendjoerfeier vun der Stad Lëtzebuerg) ënnert dem Dechen Jacques Schmit ënnerholl.

 Mir verloossen elo d’Méchelskierch a ginn no riets a Richtung Schlassbréck. Op der lénker Säit hu mer, un déi fréier Jousefsklinik ugebaut, de Staatsrot. E Gebäi ëm 1950, dat elo no enger grousser Renovatioun senger Roll besser gerecht gëtt.

 Géinteniwer, op der klenger Wiss, steet e Monument aus dem Joer 1935, vun der Studentenassociatioun Assoss opgeriicht,  wat um J.W. von Goethe säin Openthalt hei zu Lëtzebuerg erënnert.

De Moment ass de Fëschmaart nach deelweis Chantier, mee ech sinn dervun iwerzeecht, datt an e puer Joer ons Alstad ka mat aneren konkuréieren. Mir sinn um Enn vun onsem Trëppeltour duerch d’Alstad ukomm. Et woren alles „Saachen aus der aler Stad". Et wier ze wënschen, datt de Krees vun de Frënn vun der Alstad weider wiesst, an deen een oder anere gär erëm kënnt, fir sech déi Saache méi genee unzekucken, déi e grousse Konschtwäert hunn, an Zeie si vun onser Lëtzebuerger Geschicht. D’Zäite vun haut leeën ons zwar aner Suergen op, an et kéint ee mengen, mir hätte besser ze din, ons méi ëm d’Zukunft ze bekëmmeren wéi ëm ons Vergaangenheet. Mee mir sollen och net déi Wierder vergiessen, déi de Professer Engling viru méi wéi 150 Joer geschriwwen huet:

 „E Vollek, dat keen Intressi huet fir d’Erënnerung vu  senger Vergaangenheet ze erhalen,
ass sech entweder senger Nationalitéit nach net bewosst
oder et ass drun, se geschwënn ze verléieren."