|
Zesummegestallt vum Claude Esch D’Éimaischen ass en Emmausmaart. De Maart ass op Ouschterméindeg, well deen Dag d’Aulebäcker an der Méchelskierch an der aler Stad hir Zonftmass gefeiert hunn. No der Mass goufen op der Plaz virun der Méchelskierch lerdewuere verkaaf. Virwat grad op Ouschterméindeg? En Emmaus-Maart gouf et bestëmmt och nach ënzwousch aanescht. Am Brevéier, fir méi genau ze sinn, an der Priedegt vum hellege Gregorius, gëtt op dem Dag vun Ouschterméindeg d’Handwierk vun den Aulebäcker ernimmt. Firwat eigentlech grad deen Dag? Dat wësse mer net, an dat ass och net méi erauszefannen. Mee eent ass sécher, op alle Fall gouf et hei an der Méchelskierch, oder wéi déi Alstater nach haut soen « op Dominikaner », eng Aulebäckeschmass op Ouschterméindeg. A wéi seet schon onse Spezialist a Saache Folklor, den Alain Atten: « Eng Dëppebäckeschmass op Emmausdag ass nach lang keng Éimaischen ». Iwert a vu festleche Gebräicher an der Alstad kann een an deenen ale Regëschtere vun der Theobaldusbruderschaft villes nokucken. Iwert all Zonftmass wësse mer Bescheed, mee iwert ons Éimaische fanne mer keng Zeil an deenen alen Dokumenter. A kenge vun deene ville Maartstatistiken, déi an onsem Nationalarchiv versuergt ginn, sief dat aus der Zäit vun den Éisträicher, oder awer vun de Fransousen, fanne mer eppes iwwert ons Éimaischen. Ass et méiglech, datt d’Éimaischen vun de Fransouse ganz ofgeschaaf gouf? Den Emmaus-Maart hat vläicht esou u senger Bedeitung verluer, datt d’Theobaldusbruderschaft et net méi fir néideg fond huet fir doriwwer ze schreiwen. Mee eent ass sécher, datt wann et eng Zonftmass op Dominikaner gouf, gouf et och op der Platz virun der Kierch e Maart. Leider wësse mer net, wéi laang et schons den Aulebäckeschmaart op der Plaz virun der Méchelskierch gouf.
Schons dräi Deeg méi spéit, also de 6. Abrëll 1827, huet de Buergermeeschter vun der Stad sengem Polizeichef eng schrëftlech Äntwert geschéckt : « Nous vous autorisons pleinement à prendre toutes les mesures que vous jugerez convenables pour la tenue de la foire d’Emmaus. » Et wor also de 16. Abrëll 1827, wéi déi éischt Éimaischen op der grousser Plaz um Fëschmaart ofgehal gouf, an dun och hei hir definitiv Platz fond huet, bis haut. Mee nëmmen en typeschen Aulebäckeschmaart wor et net méi, et wor nach just e Kreemchesmaart. Bis zum éischte Weltkrich gouf et ierde Spillsaachen op der Éimaischen ze kaafen. Mir wëssen, datt déi Zäit schons d’Éimaischen vu ville Kanner besicht gouf. A wann ee Kanner seet, dann denkt een natierlech un d’Spillgezei, wat se do kaf kruten. A wat konnt ee schons op sou engem Aulebäckeschmaart vu Spillgezei kafen? Et kann ee sech virstellen, datt een dat ze kafe krut, wat onsen Nationaldichter Dicks 1883 a senge Lëtzebuerger Gebräicher opgezielt huet, esou zum Beispill: «Peckvillercher», «Spriddelcher», «Leinefässercher» an och «Weirachen». Wéi déi Nouspelter Iewen esou lues a lues ëmmer manner gebak hun, as duerfir méi auslännesch Wuer op de Maart komm. - Während 20 Joer gouf et kee Lëtzebuerger Peckvillche méi. An dun ass et biergof gaang mat der Éimaischen. Zënter 1914 si Joer fir Joer ëmmer manner Leit op Ouschterméindeg d’Fleeschiergaass erofgetrëppelt, fir en Tour iwert déi Fëschmaarter Éimaischen ze man. A wéi schons gesot, d’Éimaischen wor nëmme méi e Kreemchesmaart, et goufe keng « Hänsercher » méi, keng ierde Päifen, keng Taase mam Numm drop, déi ee senger Freiesch kaf huet, fir hir domadder ze soen, datt ee frou mat him ass. Déi haten et vläicht bis ufanks 1900 gepackt. Wéinst de Kanner, a wéinst dem Profit, sinn du d’Geschäftsleit op d’Iddi komm, fir Péckvillercher aus der Eifel kommen ze loossen. Just dat bëssche Spillgezei an och e puer gro stengen Dëppe gouf et bis ufanks den drësseger Joeren. Mee mir wëssen awer och, datt am éischte Weltkrich, 1918, d’Éimaischen kuerzfristeg ofgesot gouf, well Fligerattacke gefaart goufen. Et wor am Joer 1937, wéi e puer Alstater an och Frënn vun der Alstad, nämlech d’Häre Gust. Hoffmann, Jos. Parmentier, Pierre Feidert a Jemmy Koltz, sech ëm d’Hären Georges Schmitt a Lambert Schaus zesumme fond hunn fir de Quartier vun der Alstad erëm nei opliewen ze loossen. An am besonneschen ass et hinnen drëms gaang, fir dat uraalt Volleksfest, d’Éimaischen, erëm nei opliewen ze loossen. An der Mëtt vun den drësseger Joeren huet d’Éimaischen riskéiert, hir Popularitéit an Attraktivitéit ze verléieren. E puer Pessimisten hu souguer geklot « D’Éimaischen stierft, d’Éimaischen ass dout ». A fir dat ze verhënneren, gouf dun de Comité Alstad an d’Liewe geruff. Wéi ech dann esou d’Informatione gesammelt hunn, fir dës Chronik ze schreiwen, ass mer en Zeidungsartikel ënnert d’Hänn komm, geschriwwe vum Georges Schmitt a publizéiert den 31. Mäerz 1945 an der „Hémecht“ n°27 (erausgi vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Freiheetsorganisatiounen). Ech wëll dëse flotten Artikel hei esou erëmginn, wéi de Georges Schmitt e geschriwwen huet: E’maischen! - We’ mer nach eso’ Bimmerte woren, de’ grad an d’Scho’l go’ngen, dat sin elo gudd drësseg Joer hir, wor d’E’maischen nach al spâsseg. Zimlech fre’ am Muergen huet d’Getûts, d’Gepeifs ann d’Geflêts d’Flëschiergâss of ann um Fëschmârt schons ugefângen, an et huet sech de ganzen Dag net me’ ginn. Um zëng Auer hat jiddere vun ons sei bôrt Râchfâss um dämpen a stënken, den e’schte Pickvillchen wor schons gehimmelt, d’Spruddeldëppche gebascht, a vir Mëtteg hu mer scho gegirks vun déne sëllechen O’schteréer. D’Jarre si gângen, de Krëckelfëx huet gekrëckelt, d’Trotere getrotert, d’Stoppsche’sse geknâlt, d’Kanner gekrasch, d’Mamme gejaut. Et war iech eng Fred er uechtzëng. An de Lömmelsjoren si mer aus Spâss d’Flëschiergâss erop an erof gestrieft, a mer hu Course gemâcht matzen an dér Hellewull Leit. Mer hu Rëppeste’ss kritt ann ausgedelt, méschtens de Medercher, ewe’ d’Efalten. Derno, we’ ons de Verstand mat de Boxe gewuess ass, krute mer aner Naupen. Déne le’we Jëfferchen aus den Quartjen hu mer wuel keng Tase me’, mat “aus Liebe” drop, geschenkt, we’ dat soss de Brauch wor, ma et kann e jo och geschappten Nougat oder gebrannten Nëss an eso’gur Afen un enger Fissel mat Gefill iwerréchen. An du ko’me mer och aus dém Zant. Mer go’ngen op d’Scho’l, a we’ mer erëm dohem woren ann eso’ lues an de Verdëngscht ko’men, huet e Pättchen er zwe’n ënnert de Steiler ons me’ gesot ewe’ d’Gedrëcks ann d’Gewulls op dem Fëschmârt ann an der Flëschirgâss. Mer hun ons d’Sâch vu weidem ugekuckt. Ann iwerhâpt, d’E’maische ko’m eso’lues op den Hond. Elauter des frieme Geschir, so’wuel Leit ewe’ Sâchen! Bis mer zo’ en etlech alstater Jongen op den Idi ko’men, ons selwer der Sâch unzehuelen. Du go’w e Comité op d’Be gesat a probe’ert, der E’maischen eng aner Nues ze ginn. E Volleksfest sollt et erëm sin, mat engem egene Gesîcht, net eng Kirmes ewe’ iwerall! En Dag op dem de’ Jong ann de’ Al, de’ Arm ann de’ Reich nes zesumme ke’men an der sche’ner aller Stat, ewe’ fre’er. Wat ko’m derbei eraus? 1937 hu mer ugesât. An der Flëschirgâss go’w eng Pârt opgerîcht ann um Ro’scht e Bam mat Grëngs, farwege Fletschen a Männercher drop. D’Tëcken mat den Eer op der Platz, O’schteren no der Vesper go’w erëm agefe’ert, ann en Äschenteller erausginn, dén den ale Brauch gewiesen huet. D’Wirt ëm de Fëschmârt hu sech nei Hausschëlder mâche geloss mat de Niem vun de Staminéen aus der aler Zeit. Jongen a Mëdercher go’wen a Kleder gestach vun Urgro’sspappzeiten, fir d’Prënzekanner, hir Noperen, op der E’maischen ze ëmpfänken. A well et dat e’scht Joer eso’ gudd gange wor an d’Leit es all zefridde woren, si mir weider gefur. 1938 go’we Vollekslidder an den Wirtshaiser gesongen bis spe’t an d’Nuecht eran, en Nuetswiechter mat Huer a Lanter huet de Gäscht d’Zeit gesot, ma se soss mat Ro’ gelôss, et go’wen fir e gudd Wîrk Biller verkâft: de blannen Theis, de Kanon’er, de Schuechtegféer. Me’ndesmëttes go’w op der Plâtz e Stëckelche gespillt: De wëlle Mann kënt hem, ma et wor e bësche lànscht geroden. 1939 haten d’Leit erëm den Zock, fir O’schterme’ndeg op den Fëschmârt ze kommen ann eso’ lâng ewe’ me’glech dozebleiwen. D’Wîrt hu gezâpt ewe’ nach ni. Jidderen hat sech e Musikant besuergt. Al Spichten a Schnôken sin erzielt gin, et go’w gesongen a gelâcht zefrecks. D’Crèche krut den Erle’s vun denen zwe Biller: den Aulebecker ann d’Wäschemêdchen, de’ mer dat Joer erausgo’wen. Ann de Pe’terse Jang aus dem Reckendall huet ëmmer me’ sche’ Pickvillercher gebâck ann op den Mârt bruecht. Du ko’m de Krich a kurz drop d’Preisen. De Fëschmârt ann d’E’maischen, dat wor zënter honnerte Joren e Begrëff. Ma si hunn dat lîchtschâtz geholl. Eng Kirmes mat Perderchesspiller, mat Kluntschelen, a Sche’ssbuden hu se draus gemach, dat Dëngen op den Knuedler verluergt ann et E’maische genannt. Sot emol, Moulings! Nen, dat wor keng! De’ E’er krute se nëtt. De’ wisst nëmmen um Fëschmârt. Do leit s’am Buedem d’ganzt Joer ze schlofen, fir am Fre’jor nes erauszewuessen. Ann det Joer? Abé, am Musée wird der et gesin. Wuel keng E’maischen. Ma am Ruem vun enger Austellong, hiren Ufank vleicht ann eng Seit vun hirer Geschicht*). *) Ausstellong: „Aullen ann Aulenbecker“ vun O’schterme’ndeg bis Weissen O’schtersonndeg. Esou wäit dem Schmitte Georges säin Artikel iwwert d’Éimaischen an d’Grënnung vum Comité Alstad. An deene leschte Joeren wor d’Éimaischen mat Erfolleg erëm nei opliewe gelooss ginn. De J. H. Wachthausen huet a sengem Gedichtband „Lëtzebuerger Loscht a Liewen“ (1903) déi ganz Idyll vun der Éimaische beschriwwen, Eenzelnes ass dodra scho veraalt, mee deen ale Volleksbrauch ass am Fong deeselwechte bliwwen. Hei e klengen a flotten Deel aus „Lëtzebuerger Loscht a Liewen“.
Pickvillercher,
Tirelirecher, Lenfessecher, a Spridelcher, Da könnt d’Eertecken „D’Spötz fir d’E“ an do gouf ëtt wuel eng Ausaneranersëtzung töschent engem Léierjong an engem Tubaksdapp. An der Töschenzäit huet sech de Maart geföllt: d’Eechergaass ass schon do, Paffendall, Gronn a Clausen sinn ënnerwe. Da gin wuel vill Taasen kaf mat Virnimm a Spréichelcher.
Een keeft eng Taas mat „Heisse Liebe“ De Mett, deen nach nött esou kéing wor senger Léiwsten eng Liebeserklärung ze man, huet einfach eng Taas mat hierem Numm kaft. Ihren awer senger Auserwielten déi gedron huet, huet en sech an drei Wirtschaften Mut ugedronk. Awer dann am Paffendallerbierg ass seschons déi éischten Kéier getrollt. A weéi ënn dunn beim Haus vun senger Léifsten ukomm wor, ass en esou gefall dass Taas a Schiebelen gong – An op der Éimaischen gött bis spéit an Nuecht musizéiert a gedantzt bis déi Verléiften sech op den Hémwee gemach hun. - Esou weit den J. H. Wachthausen. Vun engem Lëtzebuerger, dee nëmme franzéisch geschwaat huet, ass dat hei Gedicht, an dat soll och seng Plaaz kréien: Emmaüs
Lundi
de Pâques – La foule, lente massive, De Comité Alstad huet vun Ufank u ganz enk mat der Festkommissioun vun der Stad Lëtzebuerg zesummengeschafft, a mir sin houfreg drop, datt dat och nach haut esou ass. 1937 gouf, vun dem neigegrënnte Comité Alstad, eng Éimaischen op d’Bee gesat, wéi de Fëschmaart well säit Joerzéngte keng méi gesinn hat. E Lëtzebuerger Keramiker aus dem Reckendall, de Peterse Jang, huet d'Initiative ergraff fir Péckvillercher aus richtegem Nouspelter Leem ze man. Et wor eng Éimaischen mat Éirepaarten an Truechtegruppen an Ouschtereeër. Et gouf esouguer e Stéck Folklor ausgegruewen, wat bestëmmt scho säit engem Joerhonnert verschwonne wor, wann et och déi Säit der Sauer haut nach ganz lieweg ass; si haten e Meebam opgeriicht mat wäisse Bänner a Flätschen. Zënter 1937, mat enger Ënnerbriechung vun de Krichsjoeren (well och d’Éimaischen gouf vun den Okkupanten op de Knuedler ëmgesiedelt, an domat hat de Comité Alstad emol fir 5 Joer eng Zwangspaus ageluecht) ass dann och de Comité Alstad mat engem Stand op der Éimaischen ze fannen. Eng ganz speziell Iddi haten d’Grënner vum Comité Alstad, dem Fest vun der Éimaischen e gudden Zweck ze ginn. Eppes de Leit ubidden, wat se nëmmen deen Dag vun der Éimaischen ze kafe kruten, an och domat e sozialt Wierk ënnerstëtzen. Domat wor d’Éimaische gerett, a si huet bis haut nach net un Attraktivitéit a Popularitéit verluer. Awer, mir musse gudd oppassen, well soss si mir erëm ganz séier op deem Punkt ukomm, datt ons Éimaischen nëmme méi e grousse Kreemchesmaart ass, an dofir ass de Comité Alstad eigentlech net gegrënnt ginn. Vun Ufank un hat de Comité Alstad och am Programm, kulturell a folkloristesch Animatioun an der Alstad ze bedreiwen. Bis 1983 wor op Ouschtersonndeg, ëmmer um 4 Auer nomëttes op der Fëschmaarter Plaz, e Concert mat der Clausener Musek. Dëst wor geduecht als Optakt vun der Éimaischen. A nom Concert gouf et fir déi Kleng dat alt Kannerspill « Äerschëllen ». Äerschëllen ass, wéi dir wësst, d’Brulle vun den Äer iwert eng Schinn erof, wou d’Äer um Buedem getéckt goufen. Dat wor eng gelleg Freed fir d’Kanner aus der Alstad an Ëmgéigend. Eng aner Traditioun, déi sech bis zum heitegen Dag gehal huet, ass den Optrëtt vum beschtbekannte Folklorgrupp « Uucht» op der Éimaischen, mat hirem Gesang an Danz. Iwregens wor de Grënner vum Comité Alstad, de Georges Schmitt, och Matbegrënner vun der „Uucht“. Bis ëm 1935 gouf et och op der Éimaischen esou harmlos Volléksspiller wéi «Plaumekuch», e Keelespill a Form vun engem Tur, «d’Suëspill» beim Clementse Jang oder och nach « Bräiiessen », aus engem Fiéderbett e Geldstéck mam Mond erausfëschen. Un dës Volleksspiller hu sech d’Membere vum Comité Alstad erënnert an hu bis an d’60er Joeren eran am Nomëtteg op der Éimaische Kannerspiller organiséiert. Dat wore Spiller wéi zum Beispill « Saaksprangen » oder eng Course, eng Hand um Réck, an der aner Hand e Läffel, op deem en Ouschteree louch. Et wore Ballspiller derbäi an nach vill Aneres méi. Dës Spiller woren ëmmer e groussen Erfolleg, well keent vun de Kanner, déi do matgemaach hunn, ass eidel ausgaang, jiddferee krut e schéine Präis. Awer och dat hu se missen opginn, dee leschte Concours wor esou ëm 1964. Wéi schons gesot, de Comité Alstad huet och kulturell a folkloristesch Animatioun an onser Alstad bedriwwen, an dat net nëmmen den Dag vun der Éimaischen. Esou wësse mer aus den Archive vun onse Virgänger, datt de Comité Alstad fir Groussherzogins Gebuertsdag mat engem gerëschte Won beim Fakelzuch derbäi wor, dee vun de Geschäftsleit aus dem Quartier finanzéiert gouf. Am Joer 1939 wor et de Comité Alstad dee « federführend » wor bei der Ausstellung « Saachen aus der aler Stad», organiséiert fir d’Feierlechkeete vun der Joerhonnertfeier vun onser Onofhängechkeet. Hei e puer Stëmmen aus der Press iwert d’Ausstellung. Luxemburger Wort vom 28. Mai 1939: „ ....Von Anfang bis zum Schluss sind sämtliche Abteilungen äusserst reich beschickt, was zeugt für den emsigen Sammlerfleiss der Organisatoren, aber auch für den sicheren Geschmack, welcher die Auslese der gesammelten Gegenstände leitete.....“ Luxemburger Zeitung vom 4. Juni 1939: „Der ausserordentliche Erfolg dieser Ausstellung liegt nicht zuletzt in ihrer Aufmachung begründet.. Es ist eine Kunst, eine solche Fülle von Material so zu ordnen, dass jedes Stück in das richtige Licht gerückt wird und dass der Beschauer nicht gerade durch diese Fülle erdrückt und ermüdet wird. Die Veranstalter beherrschen diese Kunst restlos.....“ - Am Joer 1954, deen Dag wou d’Prinzessin Marie-Astrid gedeeft gouf, huet de Comité Alstad an den Owesstonnen e Concert offréiert, an als Erënnerung un deen Dag goufen nom Concert Tiitercher mat Drageeën un d’Leit verdeelt. Op der Photo erkenne mer den Hoffmanns Gust (ee vun de Matbegrënner vum Comité Alstad) beim Verdeele vun den Tiitercher. Dem Comité Alstad ass déi grouss Éier zoukomm, fir d’Stad Lëtzebuerg de 17. September 1961 beim Erntedankfest zu Steesel ze vertrieden. Déi Steeseler, déi mat der Organisatioun vun der “Fête Nationale du Travail et de la Terre” vum Dekanat Lëtzebuerg-Land beoptragt woren, haten d’Erntedankfest ënnert de Motto “Déi al Lëtzebuerger Zonften” gestallt. De Georges Schmitt an seng Leit haten e Grupp op d’Bee gestallt mat Léierjongen, Gesellen an Meeschteren, déi d’Zonft vun den Aulebäcker am historeschen a folkloristesche Cortège duergestallt hunn. An der “Schraufkëscht”, e klenge Raum ënnert der Méchelskierch, gouf de Grupp vum Georges Schmitt drop virbereet. Kostümer fir de Cortège goufen op Mooss gemaach. Léierjongen, (den Auteur vun dësem Artikel wor derbäi) an orangefaarweger Box a wäissem Hiem, an an der Hand en ierdend Wäiraach (wat un d’Éimaischen erënnert) hunn de Grupp am Cortège ugefouert. Dono koumen d’Gesellen an d’Meeschtere vun der Zonft, déi hun op hire Schëlleren en iwerdimensionalt stengen Dëppe gedroen. |
|
|
|
|