E Wuert iwert ons Kontakt Ons Editiounen De Fëschmaart Aner flott Säiten
Biller aus der aler Stad Ons Chronik Neiegkeeten Shop Gëlle Buch

 

   

 

Alstad news  - Neiegkeeten aus der Alstad

 

 
Fischbach: Groβherzog Jean empfing Vertreter des Comité Alstad

Auf Schloss Fischbach hat gestern Vormittag Mittwoch Grosherzog Jean eine Delegation des "Comité Alstad" in Audienz empfangen. Bei dieser Gelegenheit wurden dem ehemaligen Staatschef Fotos überreicht, die nach dem Tod der Groβherzogin in der Ausstellung "Joséphine-Charlotte 1927-2005: Hommage" gezeigt wurden. Unser Foto zeigt Groβherzog Jean, umgeben von den Vertretern des "Comité Alstad", Sergio Di Paoli, Präsident Jean-Mathias Goerens und Generalsekretär Claude Esch (v.l.n.r.)(Foto: Cour Grand-Ducale/Carlo Hommel)

Luxemburger Wort - Freitag, den 26. Januar 2007

De Comité Alstad wöllt seng Equipe vergréisseren. Sid dier intresséiert un der Alstad an um kulturellen Liewen an der Alstad? Da kommt a macht bei ons. Kommt einfach emol an eng vun onsen Réuniounen. Mir treffen ons all zweeten Mëttwoch an onsem Sötz, am Konschthaus Beim Engel op Nummer 1 an der Logegaass um Fëschmaart. - Jiddfereen ass häerzlech wëllkom.


Dier hut keng Zäit fir bei ons aktiv matzeschaffen me dier wöllt ons awer ënnerstötzen? Gidd Éiremeber vum Comité Alstad an dem das dier eng jährlech Cotisatioun vun 12 € oder och mé, op en vun den folgenden Konten vum Comité Alstad Konten iwerweist, mam Vermierk "Éiremember"

Spuerkees: IBAN LU64 0019 1755 0897 0000
Postscheck: IBAN LU02 1111 0080 8736 0000
Fortis Bank: IBAN LU19 0030 7564 6694 0000

Elo schon, e ganz goussen MERCI fir äer Ënnerstötzung

OPRUFF!!

Mir sinn derbei fir en Fotoarchiv opzebauen, a mir wieren nach e well ganz frou wa mir dobei kéinten op Är Mathöllef zielen. 

Mir sinn op der Sich no Fotoën vun onser Alstad. Dat können Architekturphotoë sinn oder vun kulturelle Manifestatiounen, natirlech och vun der Éímaischen. Et können och Photoë sinn vun sportlechen Evenementer oder vu Fëschmaarter Veräiner. Och si mir natiirlech intresséiert un Fotoën vun der Mechelskierch oder vu réliéis Gebräicher (Prozessiounen, Kommunioun asw.). Fotoën déi awer och intressant sinn, sinn Fotoen vu Persounen, déi z.B. um Fëschmaart gelieft hun. Je, mir sichen all Zort vu Fotoën déi mam Fëschmaart onser Alstad ze dinn hun. 

Wann Dier sollt esou Fotoën hun, wiere mir ganz frou wann Dier ons Är Fotoën géift zur Verfüjung stellen, fir dass mir dovun können eng Copie machen. Et versteet sech vum selwen dass Är Originaler mat der gréisst méiglecher Suergfalt behandelt ginn, an dass Dier Är Orginaler onbeschiedegt zréick kritt. 

Wann Dier ons höllefe könnt oder wann Dier wieder Informatiounen braucht, da rufft ons einfach un, um Telefon 46 61 88. 

Vun döser Plaaz elo schons e ganz groussen MERCI fir Är Mathöllef an Är Ënnerstetzung.

Dös Photo, opgeholl den 4. Juli 1948 virum Café Mischi um Fëschmaart. Wien ass drop ze erkennen a bei wat fir enger Gelejenheet
gouf dös Photo gemach? Wien kann ons doriwer ëppes soën? Tél: 46 61 88 - Merci