|
DVD iwert Porkierech Sankt Méchel um Fëschmaart
D’ Urspréing vun der Sankt Méchelskierch um Fëschmaart gin bis an dat 10. Joerhonnert zréck. Et ass domat déi eelsten Kierch vun der Stadt Lëtzebuerg. Si steet um Fëschmaart am Häerz vun der Alstad. Si dépasséiert déi al Wall- a Festungsmaueren, déi haut op der Unesco-Lëscht stinn. Säit dem 27. Mee 1963 ass d’Méchelskierch och als nationalt Monument klasséiert. Ronderëm d’Kierch mat hirem markante Klackentuurm huet sech am Laf vun den Joerhonnerten dat kulturellt, economescht a sozialt Liewen vun der spéiderer Stad Lëtzebuerg entwéckelt. Nach haut gehéieren zu der Por Sankt Méchel de Groussherzogleche Palais, d’Chamber, d’Geriicht an den Staatsrot. Am Mëttelalter sinn hei vill Brudderschaften enstann, déi an der Méchelskierch hire Sëtz haten. D’Membere vun den Zonften hun sech an der Kierch versammelt fir ze bieden an d’Mëss ze feieren. Och haut nach komme féierend Perséinlechkeeten vum öffentleche Liewen heihin, fir sech fir hir Aufgaben de Schutz vum Himmel ze froen. De Comité Alstad a.s.b.l., an Zesummenaarbecht mat dem Ciné-Vidéo Flash Roeserbann, huet en Dokumentarfilm iwwert d’Méchelskierch réaliséiert, deen mir Iech elo als DVD kënnen ubidden. Theme vum Film sinn Geschicht, d’Architektur, de Mobilier, Reliéskonscht an d’Kierchefënsteren. Bis zum 15. Oktober 2008 kann een den DVD zum Souscriptiounspräis vu 15 € (pro Film) beim Comité Alstad bestellen, duerch Iwwerweise vun der entspriechender Zomm op ee vun onse Konten Spuerkeess : IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 Postscheck : IBAN LU02 1111 0080 8736 0000 Fortis Bank : IBAN LU19 0030 7564 6694 0000 Den DVD gëtt offiziell den
15.10.2008 an der Méchelskierch virgestallt. Duerno kënnt Ären
bestallten DVD um Postwee bei iech heem. Et sief nach ze bemierken, dat een den DVD mat lëtzebuergeschem, däitschem, franzéischem oder mat engleschem Commentair kucke kann. (Quell: Pfarrkirche St. Michael – Luxemburg / Verlag Schnell & Steiner GmbH Regensburg) |